/  9
 
Thorben Grosser on Events Marketing
Event Marketing vs. Event Marketing
 
Wat ass Marketing?
 Marketing an der Definition ass "The action or business of bringing or sending a product or commodity to market; (now chiefly, Business) the action, business, or process of promoting andselling a product, etc., including market research, advertising, and distribution.", dat heescht fräiIwwersaat ass et d’Methoud, wéi eng Organisatioun eppes un e Client bréngt. An dobäi kanneen béid Säiten enorm wäit faassen. Eng Organisatioun ass am klasseschen Sënn natierlecheng Firma, déi eppes hierstellt, mä awer och gär genuch en Dëngschtleeschter wéi e Coiffeur,en Non-Profit sou wéi UNICEF oder eng ASBL, sou wéi zum Beispill den Syn2Cat.Lo gëtt ze dack Marketing als Synonym vu Reklamm benotzt, dat ass awer net de Fall.Marketing ass wierklech immens wäit gefaasst, an et ginn verschidden Modeller fir d’Aktivitéitenze beschreiwen, déi mat Marketing verbonnen sinn. Leider, vlait och net, sinn déi meeschtDefinitiounen aus den USA, an dofir hu mer dann all Méiglech oofkierzungen, Mierksätz an souweider an sou virun fir dat ze beschreiwen. 3C’s, 4P’s, 7P’s, PFF, all méiglech Saachen. 
 
Een vun den klasseschten Modeller, deen an all Marketingscours ganz viir kennt ass den 4oder 7 P Modell, an en gëtt eis eng ganz gutt Iddi fir wat mer eis interesséiren am Marketing.D’Zesummenspill vu Produit, Präis, Plaz, Reklamm, Personal, Prozesser an PhyseschenZoustand. Dat klengt lo alles immens dichteg, ass et awer net. Marketing këmmert sech em quasi allAspekt an deem e Produit mat engem Client a Verbindung kënnt.Reklamm ass eben just e klengen Deel dovunner, och wann een dack déi Saachen mateneenverwiesselt. Wat een an wéineg Marketingbicher liest, ass, dass Marketing eigentlech ganz einfach ass.Eng vun de wichtegsten Asiichten, déi ech op der Uni geléiert hunn ass, dass Marketing engExercice vun der Selbstreflektioun sinn. Wat lo esotheresch klengt, ass relativ einfach erklärt.Nächsten Kéier, wann dir iech eppes kaaft hutt, froot iech dono, firwat? An gitt iech net mat der einfachster Äntwert zefridden. Froot iech e puer Saachen. Firwat déi Mark? Firwat deen Buttek?An gitt iech net mat der einfachster Äntwert zefridden.(Froo un d’Publikum - Exercice vun der Dissuatioun) Wat wichteg ass, ass dass een net dierf Marketing an Reklamm als Synonym benotzen, mäsollt dohannert kucken.
Wat sinn Events?
Events sinn méi banal ze definéiren. Den OED seet “The (actual or contemplated) fact of anything happening; the occurrence of.” - dat heescht en Event ass eppes, wat geschitt.Wa mir vun Events schwätzen, geet et normalerweis drëms, dass een Leit fir iergendeen Grond
 
op iergend eng Platz brëngt. Mir denken do u Gebuertsdeeg, Festivals, Kierchen, Protester ansou weider. Alles dat sinn Events. An dat léisst eis mat zwou Defintiounen: Event Marketing als Marketing mat Events an EventMarketing als Marketing vun Events. Wéi ech dee Speech hei geschriwwen hunn, hunn echmech gefrot, wat ech sollt man, hunn ech mer geduecht: Wahrscheinlech hunn déi meescht Leitnet vill Iddi dovunner, dofir man ech béids.
Event Marketing als Marketing vun Events
 Déi wahrscheinlech offensichtlechst Definitioun vun Events Marketing ass de Marketing vunEvents. Dat heescht: Mir organiséiren en Event, wéi maachen mer dat richteg an wéi kréien mer d’Leit dozou, eist Event ze besichen
Event Marketing als Marketing mat Events
Wann een Universitéitscouren, Jobannoncen oder schlau Bicher no Event Marketingduerchsicht, fënnt een dack eng aner Iddi. Wann ech eng Organisatioun sinn, dat heescht engFirma, eng ASBL oder vläit suguer just eng Privatpersoun, wéi kann ech en Event man, wat alsDeel vu mengem gesamten Marketing main Produit - wat och emmer dat ass - viru brëngt. An dat ass interessant.
Firwat benotze mir Events als Marketingmethoud?
Doriwwer hu sech nawell vill Leit Froe gestallt. Zwee Fuerscher mengen eng Äntwert zekennen: Well et méi Wäert schaaft.

Share & Embed

More from this user

Add a Comment

Characters: ...