You are on page 1of 12

WËLL SAI

NEWS

Redaktioun Siège Nummer 5 / Februar 2018
Jess, Pit a Sven Home Well Sai
GRUPP WELL SAI
De Wëlle Patt
D' läscht Joer ass de Wëlle Patt leider ausgefall, dat wäert dëst Joer awer net méi
geschéien. Dofir, léif Elteren, schréift Iech den 3. Mäerz 2018 w.e.g. an äre Kalenner.

Am Numm vun den Steeseler Scouten wëllen mir iech dëst Joer op onsen
aussergewéinlechen « WELLE PATT » invitéieren.

Wat ass den Welle Patt?

Um „WELLE PATT“ gesi sech d‘Elteren, den Comité an d‘Cheffen an enger
gemitterlech Ronn an enger gudder Ambiance fir sech kenne besser
kennenzeléieren an sech auszetauschen

RDV:
Den 3. Mäerz 2018
 um 16:00 (no der Versammlung / Sortie)
Bis: Open-End bei ons am Chalet

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

2
GRUPP WELL SAI
GROUSS BOTZ

Wéini: 18. Mäerz 2018
Treffpunkt: 09:45 Auer
Wou: Régie an der Zone Industrielle (Steesel)
Mëllt Iech w.e.g. bis den 1. Mäerz ob wellsai@pt.lu un.

OPGEPASST: Wëllefcher mussen sech separat umellen. Kuckt bei
Wëllefcher do stinn d'Detailer.

DATUMER CAMPEN
Scouten: Summercamp an der Géigend vu Kaiserslautern 23.07-
03.08.2018 (Responsabelen: Matteo), Explorer a Rover kenne gären als
Cheffe matgoen.

Beaver: 19.-21. Mee (Formatiounscamp)

Wëllefcher:
8.-10. Abrëll (Formatiounscamp)
24-26 Mee (Formatiounscamp)

3
BEAVER
Mäin Numm ass Anja Bigelbach, mee d'Kanner
nenne mech Grigri. Ech hunn 17 Joer an ech
hunn 2006 als Beaver bei de Wëll Sai
ugefaangen. Virun zwee Joer sinn ech
Beaverchef ginn an hunn säit dem eng ACC
fäerdeg an eng CC Formatioun ugefaangen. Ech
si Beaverchef ginn, well ech Responsabilitéit wollt
iwwerhuelen a well ech de Kanner meng
Scoutswärter weidergi wëll. Och wëll ech de
Kanner genau esou flott Aktivitéiten ubidden, wei
ech se als Beaver, Wëllefchen a Scout hat.

Ech sinn d’Mathilda an hunn 2007 als Beaver
ugefaangen. Nodeems ech Beaver a Wëllefchen
war, hunn ech eng Paus gemaach, iert ech 2014
erëm ugefaangen hunn. Zanter dësem Scoutsjoer
maachen ech d’Formatioun zum Beaverchef.
Wichteg ass mir, de Kanner all Versammlung
eppes mat op de Wee ze ginn. Niewent de
Scouten, seegelen ech, spillen Tennis a gi lafen.

Ech sinn d'Swagata, 2008 sinn ech an d’Beaver
komm, no engem hallwen Joer an de Wëllefcher
hunn ech fir e puer Joer eng Paus gemaach.
Mëtt leschtem Joer hunn ech mir laang
iwwerluecht gehat erëm zeréck ze kommen, hunn
dat dunn och als Explorer an Beaverchef
gemaach.
D'nächst Joer well ech meng Formatioun zur
Beavercheffin maachen, well et mir schonn
ëmmer Spaass gemaach huet mat klénge Kanner
zesummen ze schaffen an hinnen ëmmer nei
Saachen bei ze bréngen.
Ech hunn mech fir d’Scouten entscheet, well et
mir perséinlech immens gutt gefält wéi verbonnen
een mat der Natur ass, an ma dat och immens
um Häerz leit.

4
Mein Numm as Lena (Tic-Tac) an ech hunn 16
Joer. Ech sinn säit 2013 an de Scouten an säit
dësem Joer maachen ech d’Formatioun fir
Beaverchef. Ech schaffen gär mat Kanner, well
een hinnen vill nei Saachen bäibrénge kann.
Außerhalb vun den Scouten spillen ech nach
Piano.

5
WELLEFCHER

SIXPLO 2018
Léif Wëllefcher,

De Sixplo ass eng Sortie, déi vun der FNEL organiséiert ass, dat heescht
d`Wellefcher aus dem ganzen Land wäerten do sinn! Mellt iech wann ech gelift bis
den 28. Februar per Mail un.
Präis: 5 Euro (ze iwwerweisen bis den 28. Februar)
Bil LU71 0029 1496 4537 0300
Wéini: Sonndes, den 22. Abrëll 2018
Rendez-vous: 8h40 op der Michel Rodange Plaz zu Steesel
Schluss: 17h15 op der Michel Rodange Plaz zu Steesel
Wieder Detailer kommen nach no.
Lenks Patt,
Raschka

Chers louveteaux,

Le Sixplo est une sortie organisée par la FNEL, donc tous les louveteaux du
Luxembourg vont participer! Inscrivez-vous par mail jusqu`au 28 février.
Prix: 5 Euro (à virer jusqu’au 28. Février)
Bil LU71 0029 1496 4537 0300
Quand: Dimanche, le 22 avril 2018
Rendez-vous: 8h40 à la place Michel Rodange à Steinsel
Fin: 17h15 à la place Michel Rodange à Steinsel
Les détails suivront à temps utile.
Lénks Patt,
Raschka

6
WELLEFCHER

Schatzjuegd
Moien léif Wëllefcher,

Den 18. März 2018 ass an eiser Gemeng nees Grouss Botz, an mir
maachen natiirlech als gudd Wëllefcher erëm matt!

Dëst Joer ass et awer e bessi aaneschters, well uschléissend maache
mir nach eng Schatzjuegd an léieren wärenddeems nach, wéi wichteg et
ass d’Natur proper ze haalen an se och ze schützen!

Den Treffpunkt ass um 09:45 virun der Régie an der Zone industrielle
(zu Steesel).
Färdeg ass et dann um 16:00 op der Place Michel Rodange.
D’Sortie kascht näischt.

Mellt iech w.e.g. sou séier wéi méiglech per E-Mail un well d’Iessen
muss bestallt ginn.

Lénks Patt,

Tchil (Erik)

7
WELLEFCHER
Moien ech sinn den Erik Mathieu, vun den
Wëllefcher Tchil genannt an hunn 18 Joer.
Nierft de Scouten spillen ech och nach een
Instrument an sinn bei Amnesty International
aktiv.
Ech sinn seit 2006 an den Scouten an seit
ongefeier 2 Joer Wëllefcherschef an man
dëst Joer meng 2. Formatioun. Ech sinn bei
der Wëllefchersbranche well ech fannen datt
daat en Alter ass an deem een Kanner vill
beibréngen kann an och sollt.

Ech sinn den David an sinn am September
2013 an d'Scouten komm. Ech war am
September op d'Porte Ouverte an Scouten
hunn een sympateschen Androck op mech
gemaach, wourob ech mech dann decidéiert
hunn de Scouten beizetrieden. Zanter dësem
Joer hunn ech mat menger Formatioun zum
Wëllefcherschef ugefaang. Mir ass et wichteg
dass d'Kanner eng schéin Zäit während den
Versammlungen oder den Campen hunn
bzw. dass hinnen net langweileg gett.
Nierwent de Scouten spillen ech och nach
Tennis zu Walfer.
Vun de Wëllefcher ginn ech Tabaqui genannt
a sin den 13.06.2001 gebuer.

Ech sin den Dani Mathieu, hunn 19 Joer an
sinn Wellefcherschef. An den Scouten hunn
ech den Numm Hati an meng aner Hobbyen
sin d'Mechanik, d'Elektrik a Mountainbike
fueren. Ech sin elo sait 7Joer an den
Steeseler Scouten, 2 dovuner als Chef. Ech
hunn einfach Spass doruner, de Kanner
Sachen beizebrengen an hinnen puer flott
Stonnen ze organiseieren.

8
Ech sinn d’Estelle, sinn 16 an sait den
Wellefcher bei den Well Sai dobai.
Ech sinn sait desem Joer Wellefcher Chef
an maachen och grad meng Cheffen-
Formatioun.
Ech sinn momentan op 3e E am Aline
Mayrisch an ech moolen extrem gearen. An
menger Fraizait danzen ech extrem vill
(ballet, jazz an contemporain) an sinn an
den Scouten activ.
Ech sinn extrem gearen Chef, well ech et
flott fannen ze gesinn wei d’Wellefcher nei
Saachen léieren an se lues an lues selwer
instinktiv unwenden. Dobai sinn ech der
Meenung, dass Teamwork extrem wichteg
ass an et freet mech emmer rem ze gesinn
waat d’Wellef alles zesummen
ferdegbrengen kennen.

Ech sinn de Jang Jungblut an hunn 17 Joer.
Ech sinn seit 2 Joer an de Wëllefcher als
Chef täteg. Ech sinn als 6 Jähregen Bouf an
Scouten komm an hunn sou meng Karriere
gemeet.
Mir huet et schon emmer Spass gemeet
anneren Léit ze hellefen an hinnen eppes
neies beibrengen

Ech sinn den Oo (Hansen Fränz), sinn 17
Joer aal an sinn Wëllefcherschef. Als Hobby
hëllefen ech doheem um Bauerenhaff an ech
ginn an d’Scouten well ech gären an der
Natur sinn an den Kanner ët weise wëll.

9
SCOUTEN A GUIDEN
Säit de Beaver sinn ech an de Scouten. Mat 16
sinn ech LX Chef ginn an hunn och meng
Formatioun ugefaang. Mat 19 Joër sinn ech
Scoutschef ginn. Ech sin an d'Scouten gaange,
well meng Bridder do waren an et huet mer
gefall also sin ech bliwwen. Ech si Chef, well
ech gär mat Kanner schaffen an hinnen mäi
Wësse well mat op den Wee ginn.
Ech sinn 20 Joer aal a studéieren lo säit engem
Joër zu Kaiserslautern Maschinenbau. Ech
machen an kucke gäre Sport.

Salut, ech sin de Jeff an seit der eischter Stonn
derbei. Ech hat schon diverse Posten an den
WS, mee et huet mech emmer nees an
d'Scoutsbranche zereckgezunn. Nierwt de
Scouten ass de Sport mäi groussen Hobby.

Moien,
Ech sinn de Max Kiffer, hunn 22 Joer a sinn
schonn säit 13 Joer (wees net genau) an de
Steeseler Scouten.
Säit 4 Joer sinn ech Chef, als eicht hunn ech
bei de Beaver an elo sinn ech Assistent Chef
de troupe a Responsabel de Clan.
Mat 9 Joer huet mäin Babysitter mech eng
Kéier an eng Versammlung matgeholl sinn säit
deem sinn ech all Weekend zeréck op de Bierg
komm.
Chef sinn ech gi well ech meng Erfahrungen a
mäin Wësse wat ech iwwert Jore gesammelt
hunn gären un déi jonk Scoute weider ginn.

10
SCOUTEN A GUIDEN
Rappel:
CP/SP-Weekend
Nom grousse Succès vun 2016 huet d'Scoutsekipp decidéiert, all
zwee Joer e Weekend nëmme fir CP & SP aus der FNEL ze
organiséieren.

Wéini: de Weekend vum 2-3 Juni 2018
Wou: daat bléift geheim

RDV: um 9 Auer an der Stadt
Schluss: géint 16 Auer an der Stadt
Präis: viraussiichtlech 20€/Participant
+5€/Participant fir all Umeldung nom Delai
Umeldung: bis Méindes, den 15 Abrëll 2018 iwwert foldengen Link

https://goo.gl/forms/tZMIbTCrbfQNkCjs1

Material: Pick-nick, Rucksak, Carrymat, Schlofsak fir dobaussen,
evt. Inlet fir an de Schlofsak, dem Wieder ugepasste
Kleeder, Uniform & Foulard…

11
EXPLORER

Ech sinn de Jacques an hunn 24 Joer. Ech studéieren am
Moment Maschinnebau ob der Uni Lëtzebuerg.
Meng Scoutskarriäre huet am Alter vun 6 Joer bei den
Panthères Noires (Luerenzweiler) ugefaangen, wou ech dunn
och bis an den Alter vun 15 Joer war.
2012 sinn ech dunn duerch mäin Kolleg den Pit nees bei d'
Scoute komm. Ech géif emol soen: “Eemol Scout ëmmer
Scout”
Ech hunn och dunn direkt meng Formatioun hei am Grupp
gemaach.
Am Moment sinn ech Chef bei den Explorer an bei den
Rover.
Am beschten gefällt mir bei den Scouten den Zesummenhalt
ënnereneen.
Mäin zweet Hobby sinn 4x4 Randonnéeën an d’Schrauwen
un mengem Auto.

12