You are on page 1of 14

WËLL SAI

NEWS

Redaktioun Siège
Nummer 13 / Februar 2018
Swagata Home Well Sai
GRUPP WELL SAI

Attention
Nous avons un nouveau numéro de compte pour les transactions
bancaires.
Wëll Sai Steesel
BCEELULL LU49 0019 5155 1434 9000

Inhalt

Editorial S. 3
Buergbrennen S. 4
Packlëscht Ouschtercamp S. 5
Ëmweltsortie S. 6
Grouss Botz/ Sortie BV S. 7
Ouschtercamp BV S. 8
Grouss Botz LX/SC S. 9
Sixplo 2019 S. 10
Invitatioun Orientéierungs WE S. 11
Ouschtercamp SC S. 12
Eurojam S. 13-14

2
GRUPP WELL SAI

Editorial

Léiwe Member,

Dëst ass eis éischt Zeitung fir d’Joer 2019. Ech wollt dësen Edito notzen, fir eis
Formatiounskandidaten fir dëst Scoutsjoer virzestellen.
Wéis du bestëmmt scho weess, maachen souwuel d’Cheffen wéi och déi méi
erfueren Scouten nieft hirer Tätegkeet am Grupp och nach eng Formatioun bei der
FNEL. An dat ass immens luewenswäert, well doduerch d’Qualitéit vun eisen
Aktivitéiten verbessert gëtt. Dofir soen ech schonn all Kandidat villmools Merci fir
den Asaz a wënschen vill Spaass op den diversen Formatiounsaktivitéiten!
De Formatiounswee fänkt schonn an der Scoutsbranche un, wou dëst Joer 4 vun
iech hier Leadership Formatioun maachen. Des Formatioun bereet dem William,
Lisa, Leo a Louis op de spéidere Wee zum Chef vir.
Eis aktiv Cheffe maachen dann an hirer Branche entweder eng Formatioun zum
Assistant chef d’unité (ACU) oder Chef d’unité (CU). Dest sinn den Nicolas,
d’Swagata an d’Lena bei de Beaver; den David an d’Estelle bei de Wëllefcher an
d’Jill an d’Mathilda bei de Scouten.
No der ofgeschlossener CU-Formatioun hu mir awer nach net ausgeléiert. All aktive
Chef hëlt op Mannst all 2 Joer un enger Weiderbildung deel.
Zum Schluss bleift mer just nach ze soen, dass mir och an dëser Editioun erëm
d’Invitatiounen fir vill flott Aktivitéiten hunn an ech hoffen, dass dir zu vill op des
Aktivitéite kommt.
Vill Spaass beim Liesen!
Pit

3
4
GRUPP WELL SAI

Packlëscht Ouschtercamp 2018

❏ Schlofsak
❏ Carrymat
❏ Wierder ugepasst Kleeder
❏ Wäsch Saachen
❏ Klengen Rucksak fir den Trajet
❏ Bidon
❏ Gamelle
❏ Besteck
❏ Becher
❏ Kichenduch
❏ Täscheluucht
❏ Perséinlech Saachen
❏ Schlappen

5
BEAVER
Ëmweltsortie

Hallo dir léif Beaver!


Ech sinn de Bibu, an är Cheffen hunn mir gesot, si hätten eppes
ganz Intressantes mat Iech wëlles, an zwar eng Sortie op de
Misärshaff! Alles dréit sech do ëm d’Natur an d’Deieren! Mir wäerten do
zesummen mat den Beaver vun den „Lions Bleus“ vun Bouneweg een flotten
Dag verbréngen!
Wéini: Samschdes den 30.03.2019
Rendez-vouz: 9 Auer 10 op der Michel Rodange Platz
Retour: 16 Auer um Misärshaff
(Ferme Misère, Centre de formation jeunes, L-8808 Arsdorf)
Präis : /
Umeldung bis den 20.03.19, iwwert folgende Link:
https://goo.gl/forms/ydmtJVRNYSex9eaC2
Waat brauchs du: Dem Wieder ugepassten Kleeder, däin Foulard, Biergschong, evt.
eng Reenbox, klengen Rucksak mat Picknick fir Mëttes, en gefëllten Bidon, vill
Freed an Motivatioun

6
BEAVER

Grouss Botz/ Sortie

Moien léif Beaver,

Den 23. Mäerz 2019 ass erëm déi Grouss Botz vun der Gemeng, wou
dier alleguer invitéiert sidd matzegoen.

No der Grousser Botz geet et fir eis awer nach weider ob en flotten
Trajet deen säin Enn ob engem Bauerenhaff hellt.

Ech hoffen dier kennt alleguer matkommen!

Den Treffpunkt ass um 09:45h virun der Régie an der Zone industrielle (zu
Steesel).

Den Schluss as um 16:15h ob der Place Michel Rodange.

D’Sortie kascht 5€. D'Suen sinn ob den Konto: LU49 0019 5155 1434 9000 ze
iwwerweisen an schreift w.e.g. den Numm vum Kand hannendrun.

Dier kennt iech iwwert dësen Link umellen:


https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSf6yrPXmeI68y6GmanHjspdiM289h
pJ5WjPfF9VndnhVyGhyQ/viewform?usp=sf_link

Lénks Patt,

Tic-Tac

7
BEAVER

Ouschtercamp

Moien léif Beaver,

Dëst Joer geet et ob eisem Ouschtercamp em déi 4


Elementer.

Wann dier genau wéi den Bibu nach méi doriwwer wëssen wëllt dann
kommt den 6. Abrëll 2019 um 10h an den Home St. Christophe zu Beggen.

(224, rue des Sept-Arpents, 1149 Luxembourg)

Dat ganzt hëlt säin Enn den 8. Abrëll 2019 um 10h erëm zu Beggen.

Ech hoffen dass der alleguer kommen kennt an ganz vill gutt Laun
matbréngt!

Den Camp kascht 50€ an d’Suen sinn ob folgende Konto ze iwwerweisen:

LU49 0019 5155 1434 9000

Schreift w.e.g. ‘Ouschtercamp BV 2019’ an de Numm vum Kand


hannendrun.

Dier kennt iech bis den 25. Mäerz 2019 iwwert folgende Link umellen:

https://goo.gl/forms/GARk6dGBq0dEpPJl2
Lénks Patt,
Är Cheffen

8
LX/SC

Grouss Botz

Moien léif Wëllefcher, Scouten an Explorer,


Den 23. Mäerz ass an eiser Gemeng nees Grouss Botz, an mir
maachen natierlech als gutt Scouten erëm mat!

Den Treffpunkt ass um 09:45 virun der Régie an der Zone in-
dustrielle (zu Steesel).
Fäerdeg ass et dann um 13:00 erëm virun der Régie an der Zone in-
dustrielle (zu Steesel)
D’Sortie kascht näischt.

Rendez-vous est le 23. Mars à 09:45 devant la Régie dans la zone in-
dustrielle (à Steinsel).
Le retour est le même jour à 13:00 devant la Régie dans la zone in-
dustrielle.
La sortie est gratuite.

Mellt iech w.e.g. sou séier wéi méiglech un well d’Iessen muss bes-
tallt ginn.

Inscrivez vous le plus vite possible car on doit commander le déjeuner.

Umeldung iwwert folgende Link:

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSf6yrPXmeI68y6GmanHjspdiM28
9hpJ5WjPfF9VndnhVyGhyQ/viewform?usp=sf_link
Lénks Patt,

Tchil

9
WELLEFCHER

Sixplo 2019
Wéini:
05.05.2019
Treffpunkt:
Sonndes um 9 Auer zu
Heeschdref op der Gare

Retour:
Sonndes um 17 Auer 15 zu
Heeschdref op der Gare

Material:
Picknick vir mëttes an dem wieder ugepasste
Kleeder
Präis:
5€:
Suen op folgenden Kont iwwerweisen:
LU49 0019 5155 1434 9000
Mam Kommend: Sixplo 2019 + den Numm
vum Kand
Umeldung:
Bis den 17.04.2019 iwwert
folgende Link:
https://goo.gl/forms/dyoMgy5RhCrVOIHl1
Lénks Patt
Är Cheffen

10
SCOUTEN A GUIDEN

Invitatioun Orientéierungs WE

Moie léif Scouten,


D'Scoutsekipp invitéiert iech häerzlech op den Orientéierungs Weekend an der
Miseler Géigend. Dëst ass e Weekend vir déi ganz Trupp wou är Kenntnisser an
der Orientatioun ob d'Prouf gestallt ginn, mee och de Spaass un éischter Stell
steet.
Wéini: de Weekend vum 30.-31. Mäerz 2019
Wou: Miseler Géigend, Réimech-Munneref-Fréiseng
RDV: Samschdes, den 30. Mäerz, um 8:00 Auer op der
Place Michel Rodange.
Schluss: Sonndes, den 31. Mäerz,
um 15:45 Auer op der Place Michel Rodange
Präis: Dat ganz kascht 25€ ob de Kapp,
d’Suen sinn op folgende Konto ze iwwerweisen:
LU49 0019 5155 1434 9000
Material: Picknick vir Samschdes Mëttes, Rucksak, Carrymat, Schlofsak, dem
Wieder ugepasste Kleeder, Uniform & Foulard, Gamelle, Besteck,
Becher, Kompass, Réimer, Täscheluucht.

Umellen kenn dir iech bis den 1.Mäerz um 19:00 Auer iwwert folgenden Link:
https://goo.gl/forms/EAhDGMZJqnz2HUJE2
Mat beschten Scoutsgréiss

Lénks Patt

11
SCOUTEN A GUIDEN

Ouschtercamp
Léif Scouten a Guiden,

Hutt dir schonn vum Ouschtercamp héieren? Ma dann gëtt et héich Zäit.

De wonnerbaren Chefkach Le Maître luet iech an, e flotte Camp zu Miersch ze


verbréngen a virun allem gutt z’iessen.

Mir treffen eis den 20. Abrëll um 13:10 Auer zu Heeschdref op der Gare.

Fäerdeg ass et den 22. Abrëll um 14:00 Auer beim Chalet Les Loutres (16, um
Haardterwee L-7534 Mersch).

De Camp kascht 50 Euro, d’Suen sinn op folgende Konto ze iwwerweisen:


LU49 0019 5155 1434 9000

Mellt iech w.e.g bis den 1.Abrëll, iwwer folgende Link un:

https://goo.gl/forms/dbAd50IEaYuyVOb12
Mir freeën eis schon

Lénks Patt

Är Cheffen

12
GRUPP WELL SAI

Eurojam 2020

Léif Scouten, Explorer, Rover, Cheffen an och déi mat multipellen Rollen,

Wéi der vielläicht scho matkrut fënnt am Summer 2020 den Eurojamboree no längerer
Paus an Polen zu Gdansk (Danzeg) vum 27 Juli bis de 6 August statt. Dat ass een ee-
molegt Event an eng eemoleg Méiglechkeet Scouten aus ganz Europa (an aus der Welt)
kennenzeléieren. International Campe wéi dëse si mat dat flotstend an dem Scoutis-
mus an déi Frëndschaften déi een do schléisst si méi staark wéi all Grenzen. An dës nei
Frënn begéingt een ëmmer erëm op aneren Campen Also loosst et iech net entgoen.

Et ass nach laang am viraus mee et muss een sech bis de 15. Juli 2019 ugemellt hunn.
Dobäi ginn et 3 Haaptméiglechkeeten matzegoen:

Als Participant: Wann's du wärend dem Jamboree zwëschend 14 an 18 Joer al bass, dat
heescht wann s du tëschent dem 26 Juli 2002 an dem 26 Juli 2006 gebuer goufs, kanns
du um Jamboree deel huelen. Et si keng Ausname méiglech wat des Datumer ugeet.

Als Chefs de patrouille: D’Chef / Cheftainen de Patrouille si responsabel vir déi jonk
Participanten aus hirer Patrull. Si musse mindestens 18 Joer am Ufank vum Jamboree
hunn. Zousätzlech gëtt staark recommandéiert dat dësen Englesch schwätze kann.

Als IST – International service team: Wann s du iwwer 18 Joer all bass (am Ufank vum
Jamboree) gëtt et och d’Méiglechkeet als Volontaire an der internationaler Service
Ekipp täteg ze ginn. Domadder hues de d’Méiglechkeet un engem exklusive Programm
vun Aktivitéiten deelzehuelen, Polen ze entdecken an nei Frënn aus ganz Europa ze
13
treffen. D’international Service Ekipp droen en groussen Deel zum Succès vum Jambo-
ree bei an maachen dësen iwwerhaapt mol méiglech. Als Member vun esou enger E-
kipp muss du prett sinn all méiglech Tâchen am Kontext vum Camp ze erleedegen.

Prais: 850-1000€

Newsletter 1 (op lëtzebuergesch):


https://gallery.mailchimp.com/8855137228b0b5b0cd6e1acfc/files/1dd286ef-
9286-47ac-a133-85ee0e351c58/Newsletter1_LU_EJ2020LU.pdf

Newsletter 1 (en français):


https://gallery.mailchimp.com/8855137228b0b5b0cd6e1acfc/files/f9b4ee1d-c0a7-
418e-b37c-99778e3c5af6/Newsletter1_FR_EJ2020LU.pdf

 Déi nächst EDitioun kënnt


ënn Abrëll

14