You are on page 1of 8

WËLL SAI

NEWS

Redaktioun Siège
Nummer 13 / Februar 2018
Swagata Home Well Sai

Redaktioun Siège
Nummer 15 / Juni 2019
Swagata Home Well Sai
GRUPP WELL SAI

Attention
Nous avons un nouveau numéro de compte pour les transactions
bancaires.
Wëll Sai Steesel
BCEELULL LU49 0019 5155 1434 9000

Inhalt

Editorial S. 3
TE DEUM S. 4
Beachvolleyball S. 5
Infos Pow-Wow S. 6
Eurojam S.7-8

2
GRUPP WELL SAI
Editorial
Léiwe Lieser,
Dat heiten ass déi leschten Newsletter fir dëst Scoutsjoer.
Si ass och e bësse méi kuerz wéi gewinnt, well d’Summervakanz séier méi no réckelt an net
méi vill Aktivitéite geplangt sinn.
Ech wollt op dëser Plaz de Kanner Merci soen dass si ëmmer sou motivéiert un eisen
Aktivitéiten deelgeholl hunn an den Eltere fir hiert Vertrauen an eis Cheffenekipp.
Dir fannt d’Invitatioun fir eise Familljendag, den 13. Juli an dëser Editioun. Mir géifen eis
freeën, d’Joer mat iech zesummen a gemittlecher Atmosphär auskléngen ze loossen.
Ausserdeem wollt ech d’Scouten nach emol drun erënneren, dass 2020 a Polen e flotten
Jamboree ass, wou schonn e puer Leit vun eis ugemellt sinn an dir iech nach bis de 15. Juli
entscheede kënnt, ob dir mat gitt. Ech kann iech nëmmen encouragéieren un dësem
onvergiesslechen Event deel ze huelen.
Save the date: mir gesinn eis no der Vakanz gutt erholl zeréck op eiser traditioneller Porte
Ouverte den 21. September.

Lénks Patt,

Pit

3
GRUPP WELL SAI

4
GRUPP WELL SAI

5
GRUPP WELL SAI

Pow-Wow FNEL zu Munneref (Mondorf)


Dëst Joer ass de FNEL’s Pow-Wow, wou sech d’Scouten aus allen FNEL’s Gruppen aus
dem Land treffen, bei de Munnerefer Mais zu Munneref (Mondorf), déi dëst Joer
hieren 10-järegen Jubiläum feieren. Bei daer Gelegenheet kréien si och hiert neit
Home um Site “Badboeschelchen”.
Thema vun dësem Joer ass wéi et am Titel ze liesen ass Power, also alles ronderëm
Energie. Reservéiert iech elo schons de 7ten Juli 2019 fir des mega Aventure mat
coolen Aktivitéiten.

Wéini an wou: den 7. Juli 2019


Rdv Départ: 8:10 Auer zu Steesel op der Place Michel Rodange
Rdv Schluss: 17:50 Auer zu Steesel op der Place Michel Rodange
D’Umellungen sinn elo ofgeschloss

Material: Tiptop Uniform, Foulard, dem Wierder ugepassten Kleeder,


klenge Rucksak mat Pic-nic, Bidon mat Waasser, Becher, Kap,
Sonnecrème (dem Wëllefchen senge 5 Saachen).

Lénks Patt
Är Cheffen

6
GRUPP WELL SAI

Eurojam 2020

Léif Scouten, Explorer, Rover, Cheffen an och déi mat multipellen Rollen,

Wéi der vielläicht scho matkrut fënnt am Summer 2020 den Eurojamboree no längerer
Paus an Polen zu Gdansk (Danzeg) vum 27 Juli bis de 6 August statt. Dat ass een ee-
molegt Event an eng eemoleg Méiglechkeet Scouten aus ganz Europa (an aus der Welt)
kennenzeléieren. International Campe wéi dëse si mat dat flotstend an dem Scoutis-
mus an déi Frëndschaften déi een do schléisst si méi staark wéi all Grenzen. An dës nei
Frënn begéingt een ëmmer erëm op aneren Campen Also loosst et iech net entgoen.

Et ass nach laang am viraus mee et muss een sech bis de 15. Juli 2019 ugemellt hunn.
Dobäi ginn et 3 Haaptméiglechkeeten matzegoen:

Als Participant: Wann's du wärend dem Jamboree zwëschend 14 an 18 Joer al bass, dat
heescht wann s du tëschent dem 26 Juli 2002 an dem 26 Juli 2006 gebuer goufs, kanns
du um Jamboree deel huelen. Et si keng Ausname méiglech wat des Datumer ugeet.

Als Chefs de patrouille: D’Chef / Cheftainen de Patrouille si responsabel vir déi jonk
Participanten aus hirer Patrull. Si musse mindestens 18 Joer am Ufank vum Jamboree
hunn. Zousätzlech gëtt staark recommandéiert dat dësen Englesch schwätze kann.

Als IST – International service team: Wann s du iwwer 18 Joer all bass (am Ufank vum
Jamboree) gëtt et och d’Méiglechkeet als Volontaire an der internationaler Service
Ekipp täteg ze ginn. Domadder hues de d’Méiglechkeet un engem exklusive Programm
vun Aktivitéiten deelzehuelen, Polen ze entdecken an nei Frënn aus ganz Europa ze

7
treffen. D’international Service Ekipp droen en groussen Deel zum Succès vum Jambo-
ree bei an maachen dësen iwwerhaapt mol méiglech. Als Member vun esou enger E-
kipp muss du prett sinn all méiglech Tâchen am Kontext vum Camp ze erleedegen.

Prais: 850-1000€

Newsletter 1 (op lëtzebuergesch):


https://gallery.mailchimp.com/8855137228b0b5b0cd6e1acfc/files/1dd286ef-
9286-47ac-a133-85ee0e351c58/Newsletter1_LU_EJ2020LU.pdf

Newsletter 1 (en français):


https://gallery.mailchimp.com/8855137228b0b5b0cd6e1acfc/files/f9b4ee1d-c0a7-
418e-b37c-99778e3c5af6/Newsletter1_FR_EJ2020LU.pdf

Newsletter 2 (op lëtzebuergesch):


https://ej2020.sil.lu/wp-content/uploads/2019/06/Newsletter2_LU_EJ2020LU.pdf
Newsletter 2 (en français):
https://ej2020.sil.lu/wp-content/uploads/2019/06/Newsletter2_FR_EJ2020LU.pdf

 Déi nächst Editioun kënnt


mëtt September