You are on page 1of 8

de pefferkär

fir d‘Gemeng Péiteng

Gemengewahlen 2011
>> Eng kloer Sprooch an der Gemeng Péiteng ! <<
L�i� Ma����r�������� ��i� Ma����r��� �u� ��� G���n� P�i��n�,
Dësen 9. Oktober si Gemengewahlen, an hei an der Gemeng Péiteng huet d’ADR eng Lëscht mat 17 Kandidatinnen a Kandidaten opgestallt, déi a punkto Alter a Beruffer e representatiivt Spigelbild vun der Péitenger Populatioun duerstellen. D‘Altersmoyenne vun der Lëscht läit bei 40,6 Joer. 4 Fraen an 13 Männer trieden un. 7 Péitenger, 6 Kandidate aus Rodange an 4 aus Rolleng froen ëm äert Vertrauen. Fir datt och am Péitenger Gemengerot eng kloer Sprooch geschwat gëtt, ass et wichteg datt mir den 9. Oktober gestäerkt wäerten aus de Wahlen erausgoen. D’Lokalpolitik ass net ëmmer ganz einfach weder fir d‘Majoritéits- nach fir d‘Oppositiounsparteien. Et muss ee kritesch bleiwen, soss ass een iwwerflësseg. Mä et muss een awer och zu vernünftege Kompromësser bereet sinn, soss ass een net glafwierdeg. A ganz besonnesch muss een op d’Leit lauschteren a mat hinne schwätze fir hier Problemer ze verstoen. Eist Uleies war et jiddefalls ëmmer, fir dem biergernoen a soziale Volet vun der Politik eng absolut Prioritéit ze ginn. A grad hei ass et, wou op Grond vu politeschen Decisiounen den eenzelne Bierger an d‘Familljen an deene leschte Joere besonnesch haart getraff gi sinn. dann eng Propositioun vum CSV - DP Schäfferot, bal ginn d’Präisser un den Index ugepasst, bal muss ee sech den Nopeschgemengen upassen. Ursaache gëtt et genuch. Wéi an der nationaler Politik well d’ADR Iech mat engem Wahlprogramm och op Gemengenniveau eng kloer Alternativ zu deenen anere Parteie bidden. Als ADR wëlle mir och weider dozou bäidroen, d’Politik erëm méi Biergerno, méi perséinlech a méi sozial gerecht ze maachen.

4 Prioritéite fir all Gemeng
1. D‘lëtzebuerger Sprooch muss d‘Sprooch vun der Integratioun sinn, a muss dofir an all Gemeng op déi éischt Plaz kommen. 2. Bis 2018 muss all Gemeng behënnertegerecht sinn. 3. All Gemeng muss e Plang ausschaffen, fir d‘ëffentlech Sécherheet ze verbesseren. 4. All politesch Aktioun muss d‘Famillje mat

Kanner besonnesch berücksichtegen. Och bei eis ginn Taxen a Präisser permanent Fir dat ze erreechen, erop. Tranche fir Tranche ginn d’Leit e bësse méi brauche mir vill eegenen Asaz awer och eng aarm gemaach. Bal ass et eng EU-Direktiv, dann staark Ënnerstëtzung vun de Wielerinnen a ass et eng nei Steier vun der CSV-LSAP Regierung, Wieler den 9. Oktober 2011.

1. D‘Lëtzebuerger Sprooch a Kultur op déi éischt Plaz!

Dëst ass haut nach d‘Regel, d‘ADR wëll datt et och esou bleift, besonnesch wou d‘CSVLSAP Regierung duerchgesat huet datt och Netlëtzebuerger kënne Buergermeeschter ginn. Wou et lëtzebuergesch Stroossen- oder Flouernimm gëtt, ginn déi exklusiv gebraucht. Op de Gemengegebaier, wou dëst nach net de Fall ass, ginn déi franséisch Bezeechnungen duerch lëtzebuerger Wierder ersat, z.B. Gemeng amplaz „Mairie“, Pompjeesbau amplaz „Caserne des Pompiers“, Dokteschhaus amplaz „Maison médicale“. Gemengepublikatioune musse fir d’éischt op Lëtzebuergesch sinn. Doniewent kënnen och Däitsch a Franséisch benotzt ginn. Jee no der Populatioun kënne fakultativ dann och nach aner Sproochen derbäi kommen, wéi Portugisesch, Italienesch oder Englesch. Op den Uertsschëlder gi progressiv déi lëtzebuerger Uertschaftsnimm als éischt an am Fettdrock gebraucht. D‘Netlëtzebuerger mussen och d‘Méiglechkeet kréien, eis Sprooch ze léieren. D‘Gemengen sollen Gratiscoursë organiséiren. Auslännesch

Matbierger ginn iwwert dës Offer an engem personaliséierte Schreiwes an hirer Sprooch informéiert. Weider trëtt d’ADR dofir an, datt d’Personal am Gesondheets- a Sozialsecteur (z.B. an der Betreiung vun eelere Leit) muss lëtzebuergesch schwätzen. Och d‘Gemengepersonal muss lëtzebuergesch schwätzen. Fir d‘Integratioun vun de klenge Kanner virunzedreiwen, soll an de Crèchen an an de maisons relais Lëtzebuergesch geschwat ginn. D‘Personal dat an dësen Haiser schafft muss obligatoresch d‘Lëtzebuerger Sprooch beherrschen. De Staat an d’Gemengen mussen doriwwer eraus gratis Sproochecoursë ubidden fir Personal dat an der Geschäftswelt engagéiert ass. All Gemeng organiséiert all Joer e lëtzebuergesche Kulturprogramm.

D’ADR ass déi eenzeg Partei déi sech iwerall konsequent fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt a verlaangt, datt d’Lëtzebuerger Sprooch als Nationalsprooch an eiser Verfassung festgeschriwwe gëtt. Och d’Gemenge spillen, an Zesummenaarbecht mam Staat, eng wichteg Roll am Erhalen an am konsequente Gebrauch vun eiser Sprooch! Et geet hei net drëm, fir d‘Immigranten „auszegrenzen“, mee d‘ADR ass iwwerzeegt, datt d‘lëtzebuerger Sprooch dat bescht Mëttel ass fir eng erfollegräich Integratioun a fir d‘Erhale vun der lëtzebuerger Identitéit. Am Wahlprogramm mécht d‘Alternativ Demokratesch Reformpartei duerfir eng ganz Rei Virschléi, wouvun der hei e puer erausgegraff ginn: Am Gemengerot gëtt Lëtzebuergesch geschwat!

ADR: un message clair dans votre commune
Retrouvez les priorités du Parti démocratique réformateur pour les élections communales en français en pages 6 et 7

Inhalt: 4 Prioritéite fir all Gemeng ADR, déi SOZIAL Partei Polizei:nur in den Bürostunden... Rodange: Parking bei der Schwëmm Stoppt de Verkéierschaos Wou bleift d‘lëtzebuerger Sprooch? Lamadelaine ass Rolleng Les priorités de l‘ADR Kandidaten

S. 1 S. 3 S. 4 S. 4 S. 5 S. 5 S. 5 p. 6 S. 8

de Pefferkär fir Péiteng

Gemengewahlen 2011

Säit 2

2. Fir behënnertegerecht Gemengen !
Den 13. Juni vun dësem Joer huet d’Chamber, mat de Stëmme vun der ADR, d‘UN-Conventioun fir d‘Rechter vun de Mënsche mat Behënnerunge ratifizéiert. Dat ass eng gutt Saach fir déi Persounen, déi dovunner betraff sinn. Et geet awer net duer fir en Text am Parlament unzehuelen; d‘Rechter vun de behënnerte Matbierger mussen och an der Realitéit ëmgesat ginn. Fir datt dat um Terrain klappt, stinn och d‘Gemengen an der Responsabilitéit.

Fënnefjoeresplang alles, wat net behënnertegerecht ass, prioritär ugepasst ginn, z.b. duerch Rampen, Lifter, ugepassten Toiletten, speziell Quaie bei Busarrêten fir Rollstullfuerer, akustesch Signaler fir déi Blann bei Verkéiersluuchten, Bezeechnungen an der BrailleSchrëft. Eng Kommissioun, wou och Behënnerter dra vertruede sinn, soll dëse Plang begleeden an driwwer waachen, datt d‘Prioritéiten agehale ginn. Am Bautereglement muss ageschriwwe ginn, datt all Appartementshaus dat nei gebaut gëtt, muss accessibel sinn fir Rollstullfuerer. Dat selwecht muss fir all nei Geschäfter a Büroe gëllen. D‘Publikatioune vun der Gemeng mussen iwwerpréift ginn, ob a wéi si kënnen am Déngscht vun deenen eeleren a behënnerte Leit verbessert ginn. (z.B. iwwert d‘Benotze vu méi grousse Buchstawen an engem Layout fir Leit déi net méi esou gutt gesinn,...). D’Gemengen, iwwert eng Kommissioun oder Personal mat enger besonnescher Formatioun, sollen de Kontakt siche mat deenen Elteren, déi schwéier krank oder behënnert Kanner hunn, fir ze kucken ob a wéi si hinnen hëllefe kënnen, an dat komplementär zu de Servicer vum Staat. Dat kann z.B. am speziellen Aménagement vun de Gebaier vun der Schoul, der Crèche a maison relais bestoen, Upassungen um Schoulwee. Wéi et am Gesetz vum 12. September 2003 virgeschriwwen ass, muss all Gemeng op d’mannst 5% Salariéen astellen, déi ënnert de Statut vum „travailleur handicapé“ falen. Do däerf et keng Ausrieden, keng Ausnamen a keng Derogatioune ginn! Déi uewen zitéiert Kommissioun, mat der Personaldelegatioun, passt op, datt dës gesetzlech Norm respektéiert gëtt.

4. Sozialpläng fir Familljen !
Och a grad no der Reform vum „Sozialbüro“ (office social) bleiwen d‘Gemengen an der Flicht fir deene méi schwaache Matbierger ze hëllefen. An d‘Evolutioun vun eiser Gesellschaft, wou ëmmer méi Leit eleng liewen, oder wou een Elterendeel eleng fir Kanner muss suergen, bréngt et mat sech, datt besonnesch um lokalen Niveau d‘Solidaritéit ganz grouss geschriwwe gi muss. Fir d’ADR ass et wichteg, dat och déi sozial schwaach e Liewen an Dignitéit féiere kënnen! Fir dat ze erreechen stellt d‘ADR dës Fuerderungen: All Gemeng soll e Sozialplang fir sechs Joer ausschaffen. Tëschent de Gemenge solle regional Sozialpläng entwéckelt ginn, déi all Sozialleeschtungen an Hëllefstrukturen vernetzen. Familljen an eenzel Leit, déi Hëllef brauchen, musse vill ze dacks Ufroen op ënnerschiddleche Plaze maachen, fir vu verschiddene Leeschtungen an Ënnerstëtzunge kënnen ze profitéieren. D’ADR wëll dat méi einfach maachen! Jiddereen deen Usproch op Hëllef huet, soll sech kënnen un eng Referenzpersoun adresséieren, déi bei deenen néidegen Demarchen hëlleft. Déi sozial, edukativ a finanziell Ënnerstëtzunge sollen optimal vernetzt ginn, fir e méiglechst efficacen a kompletten Encadrement ze garantéieren.

D’ADR fuerdert duerfir konkret: All Gemeng muss bis Juli 2012 en Inventar opstellen, aus dem ervir geet, ob all ëffentlech Gebaier wéi z.b. Gemeng, Schoulen, Crèchen, maisons relais, sportlech a kulturell Infrastrukturen, awer och Plazen, Kierfechter, Foussgängerpassagen rollstull- a behënnertegerecht amenagéiert sinn. Dobäi muss och un d‘Evakuatioun vun deene Leit an Noutfäll, wéi z.B. bei Feier, geduecht ginn. Duerno muss am Kader vun engem

3. Fir eng besser ëffentlech Sécherheet !
Zu den elementare Rechter vun de Bierger gehéiert d‘Gefill, a Secherheet ze liewen, an am Rechtsstat muss déi ëffentlech Hand, a si eleng, fir dës Sécherheet suergen. Dobäi gëllt fir en demokratesche Staat, den Equiliber ze fannen tëschent Sécherheet a perséinlecher Fräiheet. D‘ADR ass sech de Schwieregkeete bewosst, fir Secherheet a perséinlech Fräiheet ënner een Hutt ze bréngen, esou wuel um nationale wéi um lokale Plang. Vill, vläicht ze vill Kompetenze wat d‘Sécherheet ugeet, leien haut an den Hänn vun der nationaler Politik. Dofir mussen och op dësem Plang de Staat an d’Gemengen enk zesumme schaffen, woubäi d‘Gewiicht vun de Gemengen erëm méi staark muss ginn. Duerfir fuerdert d‘ADR konkret: Méi e grousst Matsproochrecht fir d‘Gemengen, wat d‘Aarbecht vun der Police betrëfft. D‘Gesetzer leeën de Gemengen eng ganz Rei vu Verpflichtungen op, wat d‘Sécherheet op hirem Territoire ugeet. Duerfir mussen d‘Gemengen op d‘Hëllef vun der Police kënnen zréck gräifen. D‘Gemenge mussen sech esou

organiséiere kënnen, datt de Respekt vun hire Polizeireglementer garantéiert ass. An Noutfäll mussen d’Police, déi aner Secherheetsdéngschter an d’Gemeng enk zesumme schaffe kënnen, an dat iwwert gëeegent Prozeduren a Strukturen. Fir all Gemeng muss e lokale Secherheetsplang zesumme mat der Police ausgeschafft ginn. Dëse muss regelméisseg op seng Efficacitéit iwwerpréift ginn, e muss ëffentlech bekannt sinn an d‘Suggestiounen an d’Doléancë vun de Bierger mussen an dësem Plang berücksichtegt ginn.

Plang, kënne séier op eng efficace Verstäerkung zielen, fir a spezielle Situatiounen Recht a Gesetz kënnen oprecht ze halen. An alle Fäll muss d‘Police iwwer déi néideg Mëttele verfügen, fir géint Banden kënne virzegoen. Op besonnesch geféierleche Plaze solle Kameraen installéiert ginn, dëst awer ënner dem strenge Respekt vun der Privatsphär an dem Schutz vun de perséinlechen Daten. D‘ADR ass der Meenung, datt Kameraen nëmmen en Zousazinstrument kënne sinn, an op kee Fall en Ersatz fir déi néideg Präsenz vun der Police um Terrain. Och d‘Ariichtungen sollen zur Sécherheet bäidroen, an hei hunn d‘Gemengen eng besonnesch Roll ze spillen. Déi ëffentlech Beliichtung muss z.B. deenen neiste Konzepter gerecht ginn. De „Mobilier urbain“ (Busarrêten, Bänken, …) muss esou ugeluecht sinn, datt der Kriminalitéit an dem Vandalismus entgéintgewiirkt gëtt. Ëffentlech Gebaier, wéi d‘Gemeng, d’Schoulen, a.s.w. mussen duerch technesch Moossname wéi Alarmanlagen oder d‘Präsenz vu Personal geschützt sinn. Vill kléng Delikter kënnten duerch eng efficace Aarbecht vu «Streetworkeren», déi d’Vertraue vun de Concernéierten hunn, evitéiert ginn. Hei muss et eng gudd Zesummenaarbecht tëschent den nationalen an lokale Verantwortleche ginn, et muss vernetzt geduecht ginn an déi néideg Strukturen um lokale Plang, wéi Jugendhaiser, mussen efficace fonctionnéieren.

D‘Police muss méi eng grouss Präsenz um Terrain weisen, an esou organiséiert sinn, z.B. mat „Commissariats de proximité“, datt d’Leit sech méiglechst sécher fille kënnen. D‘Zuel vun de Beamten an d‘Zäite wou dës Policekommissariater fonctionnéieren, mussen de lokale Verhältnisser ugepasst sinn. D‘Gemenge mussen, wann si et wënschen, der Police adequat Raimlechkeeten däerfen zur Verfügung stellen. D‘Police muss, um lokalen an um regionale

de Pefferkär fir Péiteng D‘Säit vun der ADR-Fraktioun

Säit 3

A D R - d é i S OZ I A L Pa r t e i !
PK: Wéi steet d’ADR zu der Fro vum Index? G.G.: Am Géigesaz zu CSV-LSAP-DP an Déi Gréng ass d’ADR déi eenzeg Partei, déi sech an hirem Wahlprogramm konsequent géint all Indexmanipulatiounen ausgeschwat huet. Den Index ass e bewäerte System, dee bal jidderengem eng Upassung vu séngem Akommes un de Kafkraaftverloscht garantéiert. Wichteg ass, datt jiddereen den Index kritt, och déi Leit, déi ënnert kee Kollektivvertrag falen, déi géife soss näischt kréien. Den Index erhält d‘Kafkraaft vum Konsument, a stäipt domatt och den Emsaatz an d’Existenz vun eise Kleng- a Mëttelbetriber. Den Index ass deemno och wirtschaftlech e positivt Instrument, e bréngt soziale Fridden a verhënnert deier Streiken, wéi mer se am Ausland, wou et keen Index gëtt, ëmmer erëm erliewen.

E Gespréich mam Fraktiounspresident Gast Gibéryen ___________________________________________________________________________________
Dat wëll awer net heeschen, dass eise Pensiounssystem laangfristeg geséchert ass. Eise System ass op dem sougenannten „Umlageverfahren“ opgebaut. Dat heescht, mat de Cotisatioune vun haut bezuele mer d‘Pensioune vun haut. Well an deene leschte Joeren d‘Zuel vun de „Beitragszahler“ staark geklommen ass, konnte mir zousätzlech eng zolitt Reserve uleeën. Déi brauche mer awer och, well an Zukunft ëmmer méi Leit an d‘Pensioun ginn.

De Gast Gibéryen, President vun der ADR-Fraktioun.

De Pefferkär: D’ADR déi sozial Partei: wat zeechent d‘ADR besonnesch dofir aus? Gast Gibéryen: D’ADR ass 1988 gegrënnt ginn, fir Rentegerechtegkeet ze realiséieren, an déi hu mir bannen 10 Joer gréisstendeels duerchgesat: • D’Renten am Privatsektor si massiv gehéicht ginn, • vum 1. Januar 1999 un bezillt jiddereen am Land, ob am privaten oder ëffentleche Sekteur, déi selwecht Cotisatioun a kritt dee selwechten Ajustement, • jiddereen, deen nom 1. Januar 1999 am ëffentleche Sektor agestallt ginn ass, kritt séng Pensioun op Basis vu séngen abezuelte Cotisatioune berechent. PK: Mission accomplie kënnt een deemno soen…. G.G.: Leider nët: Grad haut, wou d‘Konsequenze vun der internationaler Wirtschaftskris um Bockel vun deenen, déi iwwerhaapt keng Schold drun hunn, nämlech de schaffende Leit an de Kleng- a Mëttelbetriber ausgedroe ginn, ass et wichteg, datt et eng ADR gëtt. Zanter Joeren gëtt nämlech hei am Land sozialen Ofbau bedriwwen,duerch Erhéijung vun de Steieren, de Cotisatiounen, den Taxen, der Manipulatioun vum Index a vum Rentenajustement asw. Gläichzäiteg gëtt d’Wunnen ëmmer méi deier. D’Konsequenz dovun ass ëmmer méi Aarmut a sozial Ausgrenzung.

De Problem an eisem aktuelle System
ass, datt wann ëmmer méi Leit an d‘Pensioun ginn, och gläichzäiteg méi Leit mussen abezuelen, an dat mat enger konstanter Progressioun, sou datt mer am Joer 2050 misste ronn eng Millioun Leit hei am Land beschäftegen, ouni datt de Problem awer am Fong geléist wäer. Am Contraire, mir wäere veruerteelt an däer Progressioun weider ze wuessen. D‘ADR wëll eise Kanner a Kandskanner hir Zukunft nët domatt belaaschten a seet kloer NEEN zu dëser Entwécklung. A wann een Neen seet, da muss een och bereet sinn, eppes ze änneren. Obschonns eis Reserven héich sinn, hu mir en Interessi, mat Zäiten ze reagéieren, an doduerch déi néideg Moossnamen erträglech ze halen. D’ADR huet duerfir als éischt Partei ufanks 2011 eng Rei vu Propositioune gemeet, déi keng Pensiounskierzungen no sech zéien a sozial vertrietbar sinn (Detailer ob www.adr.lu). Déi vum LSAP-Sozialminister am Numm vun der CSV-LSAP Regierung gemeeten Propositiounen, déi Pensiounskierzungen bis zu 15 % mat sech bréngen, si fir ons net akzeptabel. PK: Dir sot d’ADR déi sozial Partei, an déi aner Parteien? G.G.: Dee ganze Sozialofbau ass vun enger CSVLSAP Regierung duerchgesat ginn. Genau esou kloer ass awer och, datt a verschiddene Punkte wéi z.B. beim Index d‘DP an déi Gréng nach méi wäit wollte goen an d‘DP esou guer géint d‘Opspléckung vum Rentenajustement gestëmmt huet, well si iwwerhaapt keen Ajustement wollt ausbezuelen.

Waasserpräis: Eng heemlech awer béis Indexmanipulatioun
Et ass nach eng béis Indexmanipulatioun virgeholl ginn, vun däer kaum geschwat gëtt: déi massiv Erhéijunge vun de Waasser- an Ofwaassertaxen. Lëtzebuerg huet op déi Europäesch Direktiv nach eng Schëpp drop geluet an domatt de facto eng onnéideg Steiererhéijung duerchgezunn. De Clou ass awer, datt d‘CSV-LSAP-Regierung niewebäi an d’Gesetz geschriwwen huet, datt dës Taxenerhéijungen beim Waasser an Ofwaasser indexneutral wieren, d.h. bei der Berechnung vum Index net berücksichtegt ginn.
PK: Elo gëtt gesot, no der Indextranche vum 1. Oktober dëst Joer géif déi nächst schonns ugangs d‘nächst Joer erfalen, a misst dofir och no hanne verréckelt ginn. G.G.: Dat stëmmt; et heescht, datt déi nächst Indextranche kuerz no däer vum 1. Oktober fälleg wäer. Déi erfällt awer nët méi séier wéi normal, mee déi vum Oktober kënnt méi spéit wéi se a Wierklechkeet geschëllt war. An der Logik vun der CSV-LSAP-Regierung géifen deemno an Zukunft all Indextranchen no hanne geréckelt ginn. D‘Regierung wëllt virun de Gemengewahlen awer keng Äentwert op déi Fro ginn, jidderee weess wuerfir.

CSV-LSAP-Sozialofbau:
Steieren: Erhéijung vun der Steierlaascht duerch d’Nët-Upassen vun der Steiertabell un d’Inflatioun, Aféierung vun enger Krisesteier, Erhéijung vun der Solidaritéitssteier. Cotisatiounen: Erhéijunge vun de Cotisatiounen an der Eegebedeelegung bei der Krankekees, Erhéijunge vun de Cotisatioune bei der Fleegeversécherung (+ 40%). Desindexatioun, d.h. Nët-Upasse vum Kannergeld un d‘Deirecht Eropsetze vum Pensiounsalter vu 60 op 65 Joer bei der Mammerent; doduerch verléiert all Mamm iwwer 5.000 Euro pro Kand wat si op d‘Welt gesat huet. Verréckelen vum Rentenajustement Manipulatioun vum Index: Fir d‘lescht ass d‘Applikatioun vun enger Indextranche vum 1. Mee 2011 op den 1.Oktober 2011 no hanne geréckelt ginn. Massiv Erhéijunge vun de Waasser- an Ofwaassertaxen

Doriwwer eraus gesi mer, datt do, wou déi Gréng PK: Komme mer op de Pensiounssystem ze am Schäfferot sinn, d’Gemengesteieren an Taxen am meeschte gehéicht si ginn. schwätzen. Eis Armani-Gréng schwiewen héich iwwer der G.G.: Obschonn d‘Pensiounskees eng sozialer Realitéit. Rekordreserve vun iwwer 10 Milliarden Euro huet, PK: Wat fir Konsequenzen hunn d‘Gemengewahlen huet d’Regierung och bei de Renten zougeschloen fir déi national Politik? an den Ajustement vum 1.1.2009 op zwee Joer Virun de Wahlen gëtt gesot, verdeelt. Dat selwecht ass beim Ajustement vum G.G.: d‘Gemengewahlen hätten näischt mat der 1.1.2011 geschitt. Nationalpolitik ze dinn.Wann d’Regierungsparteien PK: Besteet da bei de Pensiounskeese keen bei de Gemengewahlen géife gestäerkt ginn, Handlungsbedarf? da gëtt dat awer ganz sécher vun hinnen no de G.G.: Kuerz -a mëttelfristeg net. Mat enger Wahlen als Bestätegung vun der Regierungspolitik Reserve vu ronn 10 Milliarden Euro wat 3,7 ausgeluet. mol d‘Joeresdepënsen ausmécht, ass eise Et ass duerfir wichteg, datt d’Wieler bei de Pensiounssystem ee vun deene gesondsten Gemengewahlen mat hirer Stëmm dem vun der weltwäit. Eis däitsch a franséisch Noperen hunn CSV-LSAP Regierung bedriwwene Sozialofbau e staarken NEEN entgéintsetzen. z.B. nëmmen eng Reserve vun e puer Wochen.

de Pefferkär fir Péiteng

Gemengewahlen 2011

Säit 4

Léif Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng Péiteng,
E klenge Réckbléck an eis Geschicht weist eis, datt Péiteng e wierklechen Ëmbroch erlieft huet. Eis Gemeng ass bekannt fir hier industriell Entwécklung, e Symbol vun der Eisenierzindustrie an dem Schinneverkéier, eng Heemecht besonnesch vun Aarbechterkanner, deenen hir Elteren a Grousselteren vill a schwéier geschafft hunn, fir dës positiv Entwécklung. Woren am Joer 1908 nëmme wéineg dausend Awunner hei, sou kënne mir spéitstens haut, offiziellen Zuelen aus dem Joer 2009 no, vu schonns 15.688 Leit schwätzen. An deenen 15.688 Leit muss een als Politiker gerecht ginn. Eise CSV-DP Schäfferot a gréisstendeels schwaarzrout gefierfte Gemengerot, sinn dëser Aufgab net nokomm an hunn de Wielerwëllen mëssuecht. Besonnesch eng verfehlte Politik vun der CSV ass Schold um dekadenten Zoustand vun eiser Gemeng. Dobäi goufe si vum Wieler bei de leschte Kommunalwahlen 2005 mat ganzer 41,94 % gestëmmt a joerelaang stelle si och hei de Buergermeeschter. Eng verfeelte Politik déi Problemer geschafen huet, a wou mir als ADR net länger nokucke wëllen. Déi geschafe Problemer musse Léisungen zougefouert ginn, dofir wëlle mir eng kloer Sprooch zu Péiteng schwätzen. Mir hunn ons dowéinst 5 Haaptprioritéite gesat a wëllen Iech iwwert ons drëtt Ausgab vum Pefferkär eise Wahlprogramm an ons siwwenzéng motivéiert Kandidate virstellen. Schwäerzt den 9. Oktober 2011 d’Lëscht 5 a maacht d‘Bunn fräi fir d‘ADR! Mir hoffe ganz déif op Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen! Joe Thein Sekretär adr-Sektioun Kordall

Überfälle und sonstige Missetaten: bitte nur in den Bürostunden...

Innen- und Polizeiminister Jean-Marie Haldsorf (CSV) weiss: in der Gemeinde Petingen ist Polizeipräsenz ausserhalb der Bürostunden überflüssig...

Konsequent setzt sich die ADR auch in der Gemeinde Petingen für eine verstärkte Polizeipräsenz ein. Eine starke Polizeipräsenz wird gerade im Dreiländereck besonders benötigt. Dem ist aber nicht so. Passend zur Situation ist die Aufschrift „Help“ am Eingang des Commissariat de Proximité in Petingen, auch wenn diese auf eine andere Hilfstruktur hinweist... Deutlich wird die Misere wenn man genauer auf die Öffnungszeiten der Polizei in Petingen hinschaut: von Montags bis Freitags, zwischen 8 und 12 Uhr und von 14 bis 18 Uhr. Glückliche Gemeinde Petingen wo die Kriminalität sich streng an die Bürozeiten zu halten scheint. Ach ja, bevor wir es vergessen: im Notfall kann das Büro aus Rodange aushelfen, dies jeden Donnerstag von 14 bis 18 Uhr! Sollte doch z.B. eine Tankstelle überfallen werden, oder unerwünschte Personen aus dem „fernen“ Frankreich oder Belgien sich im Dreiländeck blicken lassen, ist die Verstärkung aus dem Centre d‘intervention secondaire (!) aus Differdingen oder dem Centre d‘intervention principal aus Esch augenblicklich zur Stelle. Bekanntlich fährt die Police Grand-Ducale ja mit Blaulicht während die Ganoven spätestens an den Grenzübergängen auf die Luxemburger „forces de

l‘ordre“ warten! Daß eine starke Polizeipräsenz rund um die Uhr in Petingen nicht nötig ist, wer kann es besser wissen als der Innen- und Polizeiminister Jean-Marie Haldsorf, ehemaliger Bürgermeister unserer „Mustergemeinde“! Auch sein Nachfolger, Bürgermeister Pierre Mellina, scheint sich mit dieser doch sehr mageren Polizeipräsenz zu begnügen, oder hat innerhalb der CSV-Partei alle Fäden zum Innen- und Polizeiminister verloren. Die öffentliche Sicherheit ist und bleibt stets eines ihrer Hauptanliegen. Die ADR ist auch die Partei deren Glaubwürdigkeit in dieser Frage außer Zweifel steht. Alle anderen Parteien scheuen sich seit Jahren um dort wo sie in der Verantwortung stehen das Thema öffentliche Sicherheit mit aller gebotenen Härte und Entschiedenheit anzugehen, bevor manche es vor den Wahlen wieder entdecken. Es wundert uns nicht, daß nun ausgerechnet die DP dieses Thema für sich entdeckt hat. Die DP-geführte Stadt Luxemburg ist ja ein wahres Musterbeispiel für zunehmende Drogenkriminalität und brutale Überfälle auf wehrlose Passanten. Vielleicht sollte die DPSektion Petingen ihre guten Ratschläge an Herrn Helminger schicken!

Parkprobleme bei der Piko in Rodange
Viele Anwohner in der rue des Romains, der rue de la Fontaine und Umgebung beschweren sich, daß die Parkplätze in ihren Straßen regelmäßig von Benutzern der Piko (Piscine Kordall Rodange) in Anspruch genommen werden. Die Parkmöglichkeiten am Schwimmbad haben sich somit als offensichtlich unzureichend erwiesen. Die ADR fordert, daß die Gemeinde hier schnellstmöglich Abhilfe schafft. Es ist nicht zu tolerieren, daß die Anwohner der betroffenen Straßen nicht mehr vor ihren eigenen Häusern parken können. Im Umfeld des Schwimmbads gibt es noch Flächen die sich dazu eignen um zusätzliche Auffangparkplätze zu schaffen. Auch eine gute Beschilderung zu den Parkplätze des Fussballfeldes könnte Linderung schaffen. All diese Möglichkeiten hätten längst genutzt werden müssen! Die ADR wird sich hierfür einsetzen, genau so wie für einen echten Dialog mit den Betroffenen!

de Pefferkär fir Péiteng

Gemengewahlen 2011

Säit 5

Stoppt de Verkéierschaos duerch Rodange a Péiteng: baut de City-Tunnel!

Lamadelaine ass Rolleng!
Fir d‘ADR ass et eng absolut Prioritéit fir eisen Dierfer an eise Stroossen nees hir richteg Nimm ze ginn. A wéi vill Lëtzebuerger wëssen nach, dat Lamadelaine a Wierklechkeet Rolleng heescht? Dëst ass e gutt Beispill fir ze weise wei begrënnt a wéi richteg d´Fuerderunge vun der ADR an der Sproochepolitik sinn! D'ADR verlangt weider datt als éischt de letzebuerger Numm um Uertschaftschëld steet. A wann dëst Schëld nei gemeet gëtt, soll Rolleng och richteg buschtawéiert ginn, an zwar ouni "´" um e!

Der Grenzgänger aus dem Großraum Longwy fährt brav jeden Morgen in den P&R am französischen Bahnhof (oder in Rodange, Petingen...). Er setzt sich in den Zug, fährt in Luxemburg bis unter die rote Brücke in den neuen Bahnhof, kämpft dort um einen Platz im Schuttle, wartet oben auf die Tram und ist dann irgendwann an seinem Arbeitsplatz auf dem Kircherg. So lautete die Vision von CSV-LSAP-DP-Déi Gréng über die Mobilitäit von Morgen. Wir glauben aber, daß wer wenigstens drei Mal umsteigen muss, doch das Auto bevorzugt. Damit bleibt der Franzose lieber in seinem Wagen und fährt wie immer über die A13! Oder, bei dem geringsten Stau, doch lieber durch die Straßen unserer Gemeinde. Seit Jahren leidet unsere Gemeinde unter dem sehr starken Durchgangsverkehr. Das beste Beispiel ist die abendliche Heimfahrt. Schon hinter dem Kreisverkehr Biff in Richtung Dreiländereck, ist man zum Stehenbleiben verurteilt. Also was machen die genervten Autofahrer, sie nehmen im Kreisverkehr Biff die Ausfahrt Richtung Petingen, bis nach Rodange wo sie in Mont-SaintMartin ihren Weg fortsetzen können. Durch die geregelten Ampeln im Ortsinnern ist hier der Verkehr öfters schneller. Warum? Na weil, die besonders schlauen Fahrer, von der Autobahn runterfahren (z.B. Ausfahrt Linger), durch den Kreisverkehr in Petingen durchfahren und dann

wieder auf die Autobahn rauffahren, um 10 Autos davor wieder rauszukommen. Durch den P.E.D. und die Industrie in den umliegenden Gemeinden, sieht es mit dem Transport-Verkehr nicht besser aus. Die ADR würde dafür sorgen, daß hier Abhilfe abgeschaffen wird, um den Gesamtverkehr zu entlasten! Petingen hat zwar eine Umgehungsstraße, aber der Pendlerverkehr müsste durch einen gut organisierten öffentlichen Transport in Angriff genommen werden. Hierzu gehört auch das fortschrittliche ADR-Verkehrskonzept um die Wer glaubt es gäbe nur zerstörte Straßen in vielen Grenzgänger mit dem Zug direkt zu ihren den Kriegsgebieten dieser Welt, der unterschätzt Arbeitsplätzen in die Stadt Luxemburg zu bringen den Schlendrian im hiesigen Gemeinderat. Ein Die ADR schlägt vor, in der Hauptstadt auf die gutes Beispiel hierfür liefert die rue Philippart in unsinnige Tram zu verzichten und stattdessen Rodange. Selbst der Behindertenparkplatz befindet sich in einer Art Bombenkrater. Man fragt sich wie einen Tunnel mit unterirdischen Stationen für die ein gehbehinderter Mitbürger dort aus einem Eisenbahn zu bauen: den «City-Tunnel». Dadurch Fahrzeug aussteigen soll. Solche Zustände sind würden auch die Straßen in unserer Gemeinde für die ADR unannehmbar! Eine ihrer Prioritäten erheblich entlastet. Große Auffang-Parkplätze ist sicher zu stellen, dass unsere Gemeinden könnten auf den alten Industriebrachen im durchwegs behindertenfreundlich sind. Grenzgebiet eingerichtet werden, von wo aus die tägliche Reise zum Arbeitsplatz stressfrei mit dem öffentlichen Transport fortfahren könnte.

Irak... oder ?

Die Verkehrssituation in der Stadt Luxemburg ist nun einmal ein nationales Problem, das nur mit einem grossräumigen Konzept gelöst werden kann. Die ADR ist die einzige Partei, die ein solches globales und zukunftsorientiertes Konzept vorschlägt, auch zum Vorteil von Petingen !

Péiteng? Pétange ! Wou bleift do d‘lëtzebuerger Sprooch?
Wann een op www.petange.lu surfe geet, da freet een sech wou ee wunnt. Alles op franséisch! De schwaarz-bloe Schäfferot fënnt et vläicht net fir néideg eng aner Sprooch ze benotzen. Komesch gëtt et bei Titelen, déi op lëtzebuergesch oder däitsch do stinn, a wann een drop klickt, kennt nëmme franséisch dohi stoen. Bei Prënzebierg a Giele Botter gëtt een op la réserve naturelle an op le sentier découverte weidergeleet. Hei gëtt op e neits bewisen, datt fir d‘Integratioun lëtzebuergesch genau richteg ass. Beim Slogan „Pétange Motivation Commune“ war dem Schäfferot wuel dem Dicks seng Sprooch net schéi genuch. D‘ADR seet klip a kloer, datt Lëtzebuergesch net nëmme fir d‘Lëtzebuerger do ass, mä d‘Sprooch vun der Integratioun ass an dofir muss gefuerdert ginn. Och dofir verlangt d‘ADR, datt all Publikatiounen vun enger Gemeng och d‘Säit um Spaweck - als éischt op Lëtzebuergesch musse sinn, an dann eréischt d‘Iwwersëtzungen an den administrative Sproochen franséich an däitsch, respektiv an anere Sproochen jee no de Besoine vun de Bierger, sollen derbäi kommen.

Dir fannt de kompletten Wahlprogramm fir d‘Gemengewahlen op onser Homepage: Le programme électoral complet pour les élections communales sur:

www.adr.lu

de Pefferkär fir Péiteng

Gemengewahlen 2011

Säit 6

L’ADR – un message clair dans votre commune !
L’ADR – Alternativ Demokratesch Reformpartei ou parti démocratique réformateur – vous propose, tout comme sur le plan national, une réelle alternative dans votre commune : eng kloer Sprooch an denger Gemeng !, un message clair dans votre commune. Dans de nombreux domaines politiques, l’ADR ne partage pas la « pensée unique » en vogue dans les partis traditionnels, et propose au contraire de réelles alternatives. Dans votre commune aussi, il est important que cet autre son de cloche se fasse entendre dans le paysage démocratique ! Nous vous résumons ci-dessous notre programme électoral pour les élections communales du 9 octobre 2011. Ce programme est axé sur 4 priorités qui s’appliquent à toutes les communes : Convaincus que ces priorités et propositions tels les trottoirs et parcs, indiquant les déficits constituent les bonnes alternatives pour vous au niveau de l’accessibilité pour les personnes et votre commune, nous serions heureux si vous souffrant des divers handicaps. accordiez votre confiance aux listes de l’ADR ! Sur base de cet inventaire, la commune établit 1. Le Luxembourgeois, La porte un plan de 5 ans pour remédier à ces déficits. Ce plan est accompagné par une commission vers l‘intégration ! consultative communale au sein de laquelle siègent également des personnes handicapées. Les adaptations prioritaires concernent notamL’ADR s’engage résolument en faveur de la langue ment l’installation de rampes d’accès et ascenluxembourgeoise ! Loin de considérer l’usage de deurs pour les personnes en chaise roulante la langue nationale du Grand-Duché comme (en veillant également à leur évacuation par une barrière, le parti démocratique réformateur exemple en cas d’incendie), des indications en est au contraire profondément persuadé que Braille dans les ascenseurs, des signaux acousl’usage du Luxembourgeois est LE moyen par tiques aux passages à piétons réglés par des excellence pour assurer l’intégration des nom- feux de circulation… breuses communautés étrangères résidant dans ce petit pays. Le règlement des bâtisses doit exiger, pour toute nouvelle résidence à appartements, que ceux-ci En sus de l’État, les soient accessibles aux personnes en chaise roucommunes ont égale- lante. Cela vaut également pour les nouvelles ment un rôle important constructions à des fins commerciales. à jouer dans la promotion de la langue na- Les communes, moyennant du personnel distionale ! L’ADR propose posant d’une formation spécifique ou par le notamment l’organi- biais d’une commission, cherche activement le sation de cours de luxembourgeois sur le plan contact avec les familles avec des enfants hancommunal, adaptés au niveau des élèves et avec dicapés ou gravement malades pour leurs prodes horaires permettant au plus grand nombre poser des aides complémentaires a celles propod’en profiter ! Les communes peuvent égale- sées par l’État. ment mettre à disposition du matériel audio-visuel pour un apprentissage individuel, et surtout 3. La sécurité, un droit! informer tous les citoyens non-luxembourgeois sur les nombreuses opportunités pour maîtriser la « langue de Dicks ». Se sentir en sécurité est un droit élémentaire Un effort particulier doit être consacré aux du citoyen ! Dans un État de droit, la force pujeunes enfants, et le luxembourgeois doit être blique doit assurer LA langue usuelle dans les crèches, maisons recette sécurité, cela dans lais et dans les classes du premier cycle de l’enle respect des libertés seignement fondamental. Pour les élèves priindividuelles. L’ADR est mo-arrivants, l’ADR souhaite réintroduire les « conscient que l’équiclasses d’accueil », dans lesquelles durant une libre entre sécurité et année scolaire l’effort est porté sur l’apprentisliberté est parfois diffisage des trois langues « usuelles », cela afin de cile à assurer, cela tant permettre par la suite à ces enfants de suivre les au niveau national que cours dans les meilleures conditions. communal.

4 priorités pour chaque commune
1. La langue luxembourgeoise est primordiale pour l’intégration et doit avoir une place prioritaire dans les préoccupations des communes. 2. Jusqu’en 2018, chaque commune doit être accessible aux personnes handicapées. 3. Chaque commune doit adopter un plan pour améliorer la sécurité des citoyens. 4. Toute action politique doit mettre un accent particulier sur les familles avec des enfants. Notre cinquième priorité concerne plus particulièrement la capitale, mais a une réelle importance pour le pays tout entier et la Grande Région : l’ADR mène un plaidoyer énergique en faveur du projet « City-Tunnel » et contre le Tram ! L’ADR est profondément convaincu que seul un tunnel ferroviaire, permettant de créer un vrai réseau express régional (RER), avec des arrêts à la Gare centrale, au centre- ville, au Limpertsberg et au Kirchberg, permet de résoudre le problème des nombreux navetteurs qui se rendent tous les jours à Luxembourg-Ville pour leur emploi.

Dir fannt ons Politik gudd? Notre politique vous plaît? Dir wëllt ons ënnerstëtzen? Vous aimeriez nous supporter? Da maacht en Don! Alors, faites un don!
Ons Konten/Nos comptes CCPLLULL LU14 1111 0913 0730 0000 BCEELULL LU91 0019 3555 2956 6000

2. Des communes accessibles aux personnes handicapées!
Le 13 juin de cette année, le Parlement a ratifié, avec les voix de l’ADR, la « Convention relative aux droits des personnes handicapées » des Nations-Unies. Mais il ne suffit pas d’adopter un texte, l’ADR exige que les droits des personnes handicapées soient respectés dans la vie de tous les jours et, à ce titre, les communes ont un rôle important à jouer. L’ADR pose toute une série de revendications très concrètes, dont voici le résumé. D’ici à juillet 2012, toutes les communes doivent établir un inventaire de l’ensemble de leurs bâtiments publics (mairie, écoles, crèches, …), mais aussi les infrastructures

Il découle de cette difficulté que les autorités nationales et communales doivent travailler en étroite concertation, sachant que le poids des autorités communales doit être renforcé. L’ADR exige que toutes les communes soient dotées d’un plan local de sécurité, élaboré entre la police grand-ducale et les autorités communales, cela après concertation avec la population. Les plans locaux de sécurité doivent être publics et adaptés régulièrement aux situations nouvelles. La police doit assurer une plus grande présence sur le terrain, notamment à travers les commissariats de proximité dont les effectifs et les heures d’ouverture doivent correspondre aux besoins réels. La Police Grand-Ducale doit encore être organisée de telle façon qu’elle puisse éviter les « zones de non droit » et, le cas échéant, donner une réplique efficace aux bandes de voyous. suite page 7

Merci

Péiteng de Pefferkär fir Monnerech

Gemengewahlen 2011

7 Säit 6

suite de la page 6 grammes seront proposés au niveau communal pour la prévention en matière de santé, pour que Le parti démocratique réformateur se prononce les citoyens bougent plus, pour une meilleure en faveur de l’installation de caméras de sur- intégration sociale et pour des aides sur le plan veillance dans les endroits particulièrement éducatif. dangereux, mais cela dans le strict respect de la sphère privée des citoyens et de la protection 5. Non au tram, des données personnelles. Pour l’ADR, ces caméOui au City-Tunnel! ras ne peuvent être toutefois qu’un moyen auxiliaire qui ne saurait en aucun cas remplacer la présence physique de policiers. Pour la capitale en particulier, pour le pays et la Grande Région en général, la solution aux pro4. Des projets sociaux pour les blèmes de transports est d’une importance primordiale. Le principal problème est constitué familles! par le grand nombre de navetteurs qui viennent tous les jours travailleur dans la capitale. Même suite à la réforme des offices sociaux, les communes restent dans l’obligation pour soute- L’ADR est persuadé que seul le City-Tunnel, c’estnir les citoyens socialement défavorisés. L’évo- à-dire la construction d’un tunnel ferroviaire lution de la société appelle, spécifiquement permettant de créer un vrai réseau express réau niveau local, à un degré de solidarité accru. gional (RER), est LA solution à ce problème. Et La commune doit tenir compte du fait que le le parti démocratique réformateur est le SEUL nombre des célibataires, des personnes âgées parti politique à s’engager en faveur de cette sovivant seules et des familles monoparentales ne lution rationnelle. cesse d’augmenter. Pour l’ADR, il est primordial que les personnes Les autres partis souhaitent encombrer les rues dites « socialement défavorisées » puissent vivre de la ville de Luxembourg avec un Tram, entre la dans la dignité. Gare centrale et le Kirchberg, disposant d’une capacité de 6 000 voyageurs heures, et avec L’ADR propose ainsi que les communes établis- des temps de parcours proche de ceux des bus sent un plan social pour une durée de 6 ans. Des actuels. Le City-Tunnel aura une capacité d’au plans sociaux peuvent être établis sur le plan moins 24 000 voyageurs / heure, avec des temps régional afin de mettre de parcours bien meilleurs et surtout, il évitera les différents structures aux voyageurs ayant opté pour le train de ne pas d’aide en réseau et de devoir changer de moyen de transport pour atfaciliter les procédures. teindre le centre-ville, le Limpertsberg ou le Kirchberg ! Le projet City-Tunnel offre deux autres Les personnes devant atouts majeurs : il créera de l’espace supplémenrecourir à l’aide so- taire, plutôt que de rogner sur la surface déjà ciale doivent pouvoir exigüe réservée aux moyens de transports et s’adresser à une unique il évitera le chaos du vaste chantier nécessaire « personne de référence » qui les guidera dans pour la pose des infrastructures nécessaires au l’ensemble de leurs démarches. Un encadrement tram. social, éducatif et les aides pécuniaires sont mis en réseau pour assurer un encadrement le plus L’ADR exige que tous les travaux préparatoires efficace et le plus complet possible. pour le tram soient arrêtés immédiatement, et que le GIE (groupement d’intérêt économique, Des mesures spécifiques sont prises en faveur constitué par l’État et la Ville de Luxembourg) des enfants et adolescents, des personnes ma- soit immédiatement gelé, son personnel étant lades et âgées, des personnes handicapées, des mis à disposition d’autres administrations acdemandeurs d’emploi ainsi que des Immigrants. tives au niveau des transports publics. Au-delà, des mesures d’aide et de prévention sont mises en place pour éviter l’échec scolaire, L’ADR exige que les projets City-Tunnel et Tram le surendettement, le chômage, les dépendances soient soumis à un référendum populaire suite à et les maladies mentales et physiques. Des pro- une campagne d’information objective. _______________________________________________________________________________________

Stäerkt d‘ADR ! Schwäerzt de Rondel !

Alternativ Demokratesch Reformpartei

A.D.R.

Boever René Dauphin Samantha Di Domenico Laura Di Domenico Pipino Err Camille Geschwind Mathias Herin Marcel Müller Patrick Rodrigues Sousa José Schmidt Roland Schmitt Christian Thein Joé Wagener Joelle Wagner Max Weber Jules Weber Monique ép. Thein Weyland Steve

Collaborer! Questions? Propositions!

Vous avez des questions ou propositions ou vous voulez vous engager activement dans notre parti? N‘hésitez pas et contactez-nous sous le numéro: +352 26 20 37 06

----------- ausschneiden an un ADR 20, rue de l‘Eau L-1449 Lëtzebuerg schécken ----------Gidd Member an der ADR, a frot och Aër Familljemembren a Frënn, fir Member ze ginn.

Froen? Ureegungen!

Matschaffen!

De Joresbeitrag ass fir eng Persoun 14.-€, fir e Stot 20.-€, a fir Schüler a Studenten 5.-€

Numm & Virnumm: Adress:

........................................................................ ......................................................................... .........................................................................

Hutt Dir Froen oder Ureegungen oder wëllt Dir bei ons aktiv matschaffen, da zéckt net a rufft un, ënner der Nummer: +352 26 20 37 06

de pefferkär
Verantwortlech fir dëse Pefferkär ass d‘ADR-Sektioun Kordall an d‘ADR-Fraktioun Oplag: 7 000 Stéck

Telefon: Email:

......................................................................... .........................................................................

Lëscht 5

>> eng kloer Sprooch...

Boever René 57 Joer, Péiteng President Gaart an Heem Péiteng

Dauphin Samantha 21 Joer, Péiteng Salariée

Di Domenico Laura 18 joer, Rodange Studentin

Di Domenico Pipino 51 Joer, Rodange Cafetier

Err Camille 66 Joer, Péiteng Pensionnéierten

Geschwind Mathias 70 Joer, Péiteng Pensionnéierten Eisebunner

Herin Marcel 50 joer, Rodange Metzlermeeschter

Müller Patrick 46 Joer, Rolleng Salarié

Rodrigues Sousa José 37 Joer, Rodange Salarié

Schmidt Roland 44 Joer , Péiteng Elektromechaniker

Schmitt Christian 39 Joer, Rodange Pensionneiert

Thein Joé 20 Joer , Rolleng Student

Wagener Joelle 46 Joer, Péiteng Aide-socio-familiale

Wagner Max 18 Joer, Rolleng Léierjong

Weber Jules 41 Joer, Rodange Eisebuner

Weber Monique épouse Thein 46 Joer , Rolleng Coiffeuse

Weyland Steve 21 Joer , Péiteng Léierjong

... an der Gemeng Péiteng!