You are on page 1of 3

gesondheet.

doc 3
23.04.2012

Mat engem Kand bei en Dokter goen


Whrend enger Aktivitit (z.B. Weekend oder Camp) kann et virkommen dass e Kand (oder Jugendlechen) muss bei en Dokter oder an dSpidol goen, entweder well et sech verletzt huet oder krank ass. An deem Fall ass et dacks dat einfachst, den Eltere Bescheed ze soen, sou dass si knne mam Kand bei hiren eegene Kanner- oder Hausdokter goen, deen dKand jo scho kennt. Wann dElteren awer net ze erreeche sinn, musst dir als Chef selwer mam Kand bei en Dokter goen. Hei sinn eng Rei Saachen, un di een dobi soll denken: Net mmer direkt an dUrgencen Wie schonn eng Kier am Wartesall vun enger Policlinique souz, weess dass een do nner mstnn kann eng Rei Stonne verbrngen ier een un dRei knnt. Dat lit dorunner dass ds Servicer leider oft iwwerlaascht sinn, well ganz vill Leit mat klenge Problemer dohi kommen, di am Fong kee richtegen Noutfall sinn an dofir och guer net dohi gehieren. Bei deene meeschte Krankheeten, an och ville Verletzungen, kann awer schonn e Generalist oder Kannerdokter hllefen. Dofir mcht et Snn fir als ischt mol do unzeklappen, wann e Kand e gesondheetleche Problem huet. Informiert iech also virum Camp wou deen nooste Generalist oder Kannerdokter seng Praxis huet, wi dffnungszite sinn, ob a wini een e Rendezvous brauch an natierlech och ob hie whrend dem Camp net zouflleg an dVakanz ass. DMaisons Mdicales Wann dir Nuets, de Weekend oder op engem Feierdag drngend en Dokter braucht, da knnt dir an eng Maison Mdicale goen. Do fannt dir Generalisten di Dngscht hunn. Et ginn dri esou Plazen am Land: an der Stad Ltzebuerg: 59 rue Michel Welter L-2730 (bei der Zitha-Klinik) zu Esch-Uelzecht: 70 rue Emile Mayrisch L-4240 (beim Centre Hospitalier E. Mayrisch) zu Ettelbrck: 110 avenue Lucien Salentiny L-9080 (beim Hpital St. Louis)

DMaisons Mdicales sinn all Nuecht vun 20h00 bis 07h00 moies op, de Weekend a Feierdeeg vu moies 08h00 un. No Mtternuecht soll een als ischt den 112 uruffen, fir ze kucken ob et besser ass selwer dohin ze fueren oder ob den Dokter vum Dngscht heem knnt. Emergency Room Heiansdo knnt een net derlaanscht, an dSpidol ze goen, well e Kand sech esou verletzt huet dass z.B. eng Wonn muss gebutt ginn, oder eng Roentgen nideg ass. Et kann och sinn dass en Dokter iech dohi schckt well eng Bluttanalyse oder soss nnersichunge musse gemaach ginn. 1

gesondheet.doc 3
Wou dir da musst higoen hnkt deelweis vum Wochendag a vum Alter vum Kand of. Folgend Spideeler hunn eng Policlinique fir Urgencen: am Norden: Centre Hospitalier St. Louis zu Ettelbrck (24h/24 - 365 Deeg am Joer) am Sden: Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch (24h/24 - 365 Deeg am Joer) am Zentrum maachen dri Spideler e Roulement: o Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) zu Stroossen o Zitha-Klinik op der Gare o Centre Hospitalier du Kirchberg um Kierchbierg

Wiee Spidol am Zentrum grad Dngscht huet fannt dir an der Press (et ass mmer fir 24 Stonnen, vu 07h00 moies bis 07h00 den Dag drop, all 6 Mint wiesselt dse Roulement). Mat Kanner nner 15 Joer knnt dir op folgend Plaze goen: Kannerklinik (am CHL): 24h/24 - 365 Deeg am Joer Centre Hospitalier du Kirchberg: nmme wann dat Spidol deen Dag Dngscht huet di zwee Centres Hospitaliers zu Esch an zu Ettelbrck En Znndokter huet de Weekend am CHL Dngscht, vu Samschdes 14h00 bis Sonndes 18h00. Pabeieren Wann dir bei en Dokter gitt, dann huelt och mmer folgend Dokumenter vum Kand mat: dFiche Mdicale (LGS-Formulaire F09A) dKopie vun der Impfkaart dKopie vun der Krankekeesekaart (dat ass besonnesch am Ausland wichteg)

Duerch dFiche Mdicale kann den Dokter sech e Bild vum Kand sengem Gesondheetszoustand maachen (Krankheeten, Allergien, Medikamenter, asw.) an dir hutt all wichteg Informatioune bei Hand (Adress, Matricule, asw.). Responsabilitit Et ka sinn dass den Dokter drop besteet dass dEltere prsent sinn, ier hien dKand nnersicht an/oder behandelt, virun allem am Spidol kann dat virkommen, wa muss gebutt ginn oder eppes gebrach ass. Probiert dann den Elteren unzeruffen, wann si selwer net ze erreeche sinn, da maacht den Dokter op dDecharge um Enn vun der Fiche Mdicale opmierksam. Dir bleift als Chef esou laang fir dKand responsabel bis ee vun den Elteren (oder di Persoun di op der Fiche Mdicale als Kontakt fir de Noutfall steet) do ass an ds Responsabilitit iwwerhlt. Dir derft dKand also ni alleng am Spidol loossen. Bei Jonken ab 15 Joer kann et awer sinn dass dir net mat an dPoliclinique eran dierft, bleift dann einfach am Wartesall bis dir Bescheed gesot kritt. Heem goen oder um Camp bleiwen ? Nodeems den Dokter dKand nnersicht, eng Diagnos gestallt an eventuell och schonn di nideg Behandlung gemaach huet, stellt sech dFro wi et weidergeet, also ob dKand nees kann zrck op de Camp goen, oder ob et muss heem goen, oder souguer eventuell am Spidol bleiwen. 2

gesondheet.doc 3
Ds Decisioun huelt dir am beschten zesumme mat den Elteren an dem Dokter. Dobi soll virun allem iwwerluecht gi wat dat bescht fir dKand ass. Kann hatt lo nach bei den Aktivititen (op dmannst verschiddene) matmaachen ? Hutt dir als Chef dMiglechkeet fir no engem kranke Kand ze kucken ? Ass e Chef do dee kann all Dag e Verband frsch maachen ? Heiansdo ass et besser e krankt Kand geet fir e puer Deeg heem a knnt zrck op de Camp wann et sech nees erholl huet, wi dass et sech forciert um Camp ze bleiwen obwuel et him net wierklech gutt geet. Et knnt och vir dass duerch eng Krankheet oder Verletzung de Camp fir dKand leider friziteg definitiv eriwwer ass. Bezuelen Um Enn vun der Konsultatioun wll den Dokter natierlech bezuelt ginn. Am einfachsten ass et wann hien iech eng Rechnung gtt, di dEltere spider iwwerweisen. Et kann awer och sinn dass dir direkt musst bezuelen (besonnesch am Ausland), an deem Fall muss eben e Chef dSue virstrecken, di hien da spider vun den Elteren zrck kritt. Denkt jiddefalls drun dRechnung ze halen an den Eltere se ze ginn, fir dass si se knnen un dKrankekeess schcken. Medikamenter Wann dKand weiderhin um Camp bleift an den Dokter him Medikamenter verschriwwen huet, da musst dir ds mat der Ordonnance an eng Apdikt siche goen. Och hei gtt et all Nuecht a Weekend eng Rtsch Apdikten uechtert dLand di Dngscht hunn (wi eng steet an der Press an op www.pharmacie.lu). E Chef muss dSue fir dMedikamenter virstrecken, di hie spider bei den Elteren zrck freet. Denkt drun dass dir dofir suerge musst dass dKand ds Medikamenter richteg hlt (Auerzit, Dosis, asw.). Assurance Accidents Whrend den Aktivitite vun de Guiden a Scouten (grad wi um Wee dohin an heem) gi Verletzungen als Aarbechtsaccident ugesinn, genee sou wi wi Accidenter di an der Schoul geschien. Dat bedeit dass all Kschten zu 100% vun der Assurance bezuelt ginn. Erklrt dat dem Dokter an am Spidol der Sekretrin bei der Umellung (di wssen do net mmer Bescheed), da kritt dir nmlech keng Rechnung ze bezuelen. Wann dir trotzdem eppes musst bezuelen, da kann dRechnung nach mmer spider un dAssurance geschckt ginn. Dir musst awer och drun denken dst Accident beim Edy Felten an der Gisserei ze mellen, fir dass hie kann di nideg Deklaratioun un dAssurance maachen. Dat alles zielt awer nmme fir Verletzungen an net fir Krankheeten ! Wini muss een iwwerhaapt mat engem Kand bei en Dokter goen ? Et ass heiansdo ganz schwier ze wssen ob e Kand eng Klengegkeet oder eppes schlmmes huet, also ob een et als Chef ka selwer behandelen oder ob et en Dokter brauch. U wat een dobi muss denke liert een z.B. op der Formatioun Bobos du Camp. Et ass awer mmer besser et geet een honnert mol ze vill bei en Dokter oder an dSpidol (also wann et eigentlech net nideg war) wi et verpasst een eng eenzeg Kier eppes schlmmes ! 3

You might also like