You are on page 1of 1

Berchem Zoé

Lëtzebuerger Leckzikon

Lecken, vulgär an haart kléngend Verb, meeschtens am negativen Sënn benotzt. E puer
benotzte Optiounen: dat blann verléiften Lecken hannert dem Schoulhaff: geheimen Treffen
tëschent Liibhaber; Goung alles am Examen wéi geleckt?: Ass den Examen gutt verlaf?; leck
mech dach!: Du gees mir ob de Sak; Den doten soll seng Mam lecken goen!: Hien soll
ophalen ze nerven!; An e puer Méint wäert hien meng Féiss lecken kommen: an e puer Méint
wäert hien mech ubieden fir zréck opzehuelen. Et ass ëmmer schonns geleckt ginn.

Raven, kënnt aus dem englesche Wuert fir Kueb, heescht awer hei en Danzstil vun der
Techno Zeen oder einfach „Danz bis däi Kapp bléist!“ Am iwwerdroene Sënn: et ass Zäit
duerchzestarten, ze feieren. An der deeglecher Konversatioun: Ech wëll danzen, breaken,
ofgoen an dono nach bëssen Raven! Ultra freck, ultra Kappwéi, mee Haapt
Saach  bëssen Raven. Loosst eis Samschdes an der Rockhal Raven goen! Ech riichten mech
un déi leit, déi  hei sinn fir ze Raven. D'Techno Musek bréngt mech zum Raven. Hues du an
den Noriichten vum  Bopa héieren, deen all Freideg Raven geet?

Tournée, eng Ronn, fräi Gedrénks. Beispiller: den Trainer huet der Ekipp eng Tournée
bezuelt. Si huet sech net huele gelooss an zwou Tournéeë ginn. Beim Schwätzen benotzt:
Moien Leit, ech sinn haut gutt gelaunt also bezuelen ech eng Tournée fir jiddereen. Jongen,
wann dir haut den Match gewënnt, dann ginn ech eng Tournée Cola aus! Wier een sou léif fir
mir eng Tournée ze bezuelen? Komm mat mir an de Café an ech ginn dir en Tournée fir dech
ze dehydratéierten. Falls du keng Suen hues kann ech dir eng Tournée bezuelen an Muer gëss
du mir d’Suen zeréck.

You might also like