You are on page 1of 1

Chrëschtdag Zinglabumm 2008

Mir waarden op een... CD Nr 27

Mir waarden op een

Mir waarde, waarde, waarden,


op een, deen eis versteet,
dee weess, wat mir um Häerz hunn,
deen ëmmer mat eis geet.

Dee weess, firwat mir laachen,


firwat mir traureg sinn,
dee weess, datt mir vill froen
a muenches net verstinn.

Mir waarde, waarde, waarden,


op een aus eiser Mëtt,
fir eis de Wee ze weisen,
op deem et Fridde gëtt.

Deen uerteelt net wéi d’Mënschen,


kuckt net ob aarm, ob räich,
dee mécht keng Ënnerscheeder,
bei deem sinn d’Mënsche gläich.

Blat 1/1 www.zinglabumm.lu

You might also like